lu

Iwwert eis

Eduart.lu: ee Site fir d’éducation artistique ESC/ESG


Säit Ufank 2017 huet de SCRIPT de Projet, fir eng offiziell Internet-Plattform fir d‘éducation artistique zu Lëtzebuerg (ESC an ESG) auszeschaffen. Si soll dem grousse Public, dem schoulesche Publikum, esou ewéi all Amateur vu Konscht eng Vitrine proposéieren, déi all Facette vum Konschtunterricht soll weisen. 2018 ass an Zesummenaarbecht mat der Commission nationale des programmes vun der éducation artistique (CN ESG éducation artistique), an dem Centre de gestion informatique de l’éducation (CGIE), d’Agence MIDORI chargéiert gi fir dëse Site op d’Been ze stellen. De Visiteur/d‘Visiteuse fënnt hei souwuel nëtzlech Linken zu offizielle Säite vum MENJE, wéi och zu kulturellen Institutiounen op nationaler Basis a vun der Groussregioun. Pedagogesch Inhalter, ausgeschafft vun der Communautéit vun de lëtzebuerger Konschtenseignanten, kënnen hei consultéiert an erofgeluede ginn. De Site soll och international zougänglech sinn. Hie soll engersäits d’Lycéeën, d’Enseignanten, d’Schüler mat hire Projeten ënnerenee vernetzen, anerersäits artistesch pädagogesch Inhalter, kulturell Institutioune mat hire schouleschen Offeren an neien, virwat net ausgefalenen Iddien, zu méi Presenz verhëllefen. De Startschoss fir dëse Site ass virgesi fir 2019 a gëtt begleet mat Formation continue, organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut de formation de l’éducation nationale (IFEN).

Kontakt: eduart@men.lu

Stéphanie Nuss
Sarah Sonnetti
Claire Flammang
Corinne Filbig
Jacques Neuberg


iwwert ons | Kontakt |