lu

40 Joer E-Sektioun

“40 Joer E-Sektioun - eng Sektioun tëschent Traditioun a Modernitéit”


D’Gesetz vum 13. Abrëll 1979 huet d’Schafung vun enger neier spezifescher Sektioun festgeluecht, d’Konschtsektioun, allgemeng E-Sektioun genannt. Am Schouljoer 1979-80, huet de Jongelycée vu Lëtzebuerg déi éischt Konschtsektioun aus dem Land opgemaach, eng 4eE. Dat Joer drop, proposéiert och de Jongelycée vun Esch-Uelzecht eng E-Sektioun. Den Dikrecher Kolléisch, de klassesche Lycée Iechternach, de Lycée Michel-Rodange, de Stater Kolléisch, de Lycée Aline Mayrisch an, ganz rezent, de Fieldgen, zéien no.

Fir de 40. Anniversaire vun der E-Sektioun gouf ee Concours lancéiert fir d’Realisatioun vun engem Post-Timber. De Sujet vum Concours ass deemno de 40. Anniversaire vun der Konschtsektioun am Allgemengen, am Speziellen d’Gläichgewiicht tëschent Traditioun (Zeechnung, klassesch Techniken, Konschtgeschicht...) a Modernitéit (Notzung vun den neien Technologien...).

Är Aarbecht besteet doranner ee Bild ze entwerfe wat dës Iddi representéiert. De Buschtaf „E“, d’Zuel „40“ an d’Wieder „Joer“ a „Sektioun“ kënnen an Ärer Aarbecht benotzt ginn, keen aneren Text ass hei enthalen.

D’technesch Detailer sinn an de besonnesche Bestëmmungen ze fannen. Dësen Timber gëtt am September 2020 verëffentlecht.